HaseBikes Testzenter
Vëlo fueren ass gesond, et bréngt den Kierper op Trap, stäerkt Häerz an Kreeslaf an reegt den Stoffwiessel un. Zousätzlech entlaascht et d'Gelenker, well den Vëlo d'Kierpergewiicht dréit.
Vill psychesch oder kierperlech behënnert Mënschen kennen leider net mat engem Standard Vëlo fueren. Koordinatioun oder Gleichgewiichtssteierungen maachen dëst onméiglech.
Bei Spezialvëloen ass dat anescht.
HASE BIKES, Hiersteller vun Spezialvëloen, huet een eenzegaartegen Projet realiséiert!
Duerch déi aussergewéinlech Konstruktioun vun dësen Vëloen ginn déi Nodeeler opgehuewen.
Nieft dem allgemeng positivem kierperlechen Effekt duerch d'Beweegung huet d'Vëlofueren eng ganz Rei un therapeuteschen Wierkungen op d'Leit.
Kierperbewosstsein, Selbstwäertgefill an sozial Kompetenz!
Verschidden Mënschen beweegen sech mëttlerweil souguer komplett selbststänneg am Stroossenverkeier.