Elektro Vëloen Pedelec 25 km/h

Den Elektrovëlo / Pedelec 25 km/h

Eng anerer Aart a Weis fir Vëlo ze fueren


Genéisst d'frësch Loft op Ärem Wee op d'Aarbecht, beim Akafen oder an Ärer Fräizäit mat der Ënnerstëtzung vun engem Elektromotor! De Motor mécht d'Pedalléiere méi einfach a garantéiert en agreabelt Fuererliefnis, wärend en Iech beim Ufueren mat bis zu enger Vitess vu 25 km/h ënnerstëtzt. Och wann Dir Wueren, Kanner oder Déieren transportéiert, gëtt d'Fueren zum Genoss. Et ass méiglech, kierperlech aktiv ze sinn, ouni Iech ze iwwerugestrengen. Déi douce Ënnerstëtzung hält Äre Kierper fit, ouni Iech midd ze maachen.

Erlieft, wéi gesond Sport ka sinn – op eng entspaante Manéier!

 Dir sich een héichwäertege Elektresche Kanner Vëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den Elektresche Kannervëlo

Den Elektresche Kannervëlo ass de perfekt Begleeder fir kleng Abenteurer! En ass erhältlech an de Gréisste 24" a 26", a bidd net nëmme Fuerspass mais e verfügt och duerch innovativ Entwécklungen iwwer ee geréngt Gewiicht an en optiméiert Handling. Dat mécht all Aventure zu enger onvergiesslecher Erfarung fir déi Kleng!

Kader Material:  Aluminium

Marken: KTM

Dir sicht een héichwäertege elektreschen Course Vëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den Elektresche Coursevëlo

Entdeckt eis elektresch Coursevëloe, se sinn ausgestatt mat de liichtsten Elektromotoren um Maart! Genéisst eng geschmeideg, natierlech Ënnerstëtzung genee dann, wann Dir se braucht. Entdeckt nees d'Freed um Coursevëlo fueren a loosst Iech vun der Dynamik inspiréieren!

Kader Material:  Aluminium, Carbon

Marken: Scott, KTM

 

Dir sicht een héichwäertege elektreschen Gravel Vëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den elektresche Gravel Vëlo 

Den elektresche Gravel Vëlo ass de perfekte Begleeder fir laang Touren. Mat senger duerchduechte Geometrie bitt en eng bequeem Fuerpositioun, déi speziell fir laang Distanzen optiméiert gouf. Dëse Vëlo ermonteren Iech, all Schotterwee z'entdecken an nei Aventuren ze erliewen. Dank deenen dräi verschiddene Ënnerstëtzungsmodi fannt Dir ëmmer déi ideal Ënnerstëtzung, egal ob op asphaltéierte Weeër oder Offroad. Entdeckt d'Fräiheet vum Vëlofueren a genéisst ee problemlost, natierlech Fuererliewness!

Kader Material: Carbon, Aluminium

Marken: Scott, KTM, Velo de Ville

 

Dir sicht een héichwäertege elektreschen Mountainbike MTB zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den Elektresche Mountainbike (E-MTB)

Bereet fir op déi nächst Stuf ze goen? Mat eisen elektresche Mountainbikes kënnt Dir och déi steilste Steigungen an déi erausfuerderndst Descenten erueweren. Egal wou Dir d'Weeër eruewere wëllt, eis Vëloe bidden eng impressionant Batterie Kapazitéit fir laang Touren. Kombinéiert mat staarke Motore mat héijem Dréimoment sidd Dir gutt equipéiert, fir usprochsvoll Terrainen mat Liichtegkeet ze meeschteren. Entdeckt Är Grenzen nei a genéisst d'Aventure!

Kader Material: Carbon, Aluminium

Marken: Scott, KTM, tout-terrain

 

Mir sinn äre Begleeder fir elektrifizéierend Entdeckungen mat den Toure Vëloen oder Offroad Trekking Vëloen! 

Entdeckt nei Horizonter mat eiser Elektro-Trekking-Kollektioun! Dës robust E-Bikes si perfekt fir Är Aventuren, egal ob fir eng Faart nom Feierowend oder e ganze Weekend. Equipéiert mat zouverlässege, staarke Motoren an enger imposanter Batteriekapazitéit, meeschteren se souwuel glat Stroossen wéi och hiwweleg Schotterpiste. Dir kënnt tëscht Ketteschaltung, engem Rimm mat Nouweschaltung oder engem praktesche automatesche Gedrif wielen. Setzt Iech an de Suedel, pedalléiert a loosst Iech vun onerwaarten Entdeckungen iwwerraschen – ideal fir Ärt alldeeglecht Pendelen oder fir Vakanzen Touren!

 

 

Dir sicht een héichwäertege elektresche Tourevëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den Elektreschen Tourevëlo

Setzt Iech op Äre elektreschen Toure Vëlo a looss Är Gedanke schwiewen! D'Natur erwaart Iech bei all Ausfaart – egal ob et déi deeglech Ausflich, Weekend Ausflich oder de Wee op d'Aarbecht ass. Mat robuste Gepäcktdréier, zouverlässege Luuchten, staarke Motoren an enger imposanter Batteriekapazitéit sidd Dir fir all Aventure equipéiert. Entdeckt et elo!

Kader Material: Aluminium

Marken: Scott, KTM, tout-terrain, Urban Jungle, Velo-de-Ville

 

Dir sicht een héichwäertege elektresche offraod Toure Vëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den Elektreschen Offroad Tourevëlo

Entspant Iech op Ärem Vëlo a genéisst d'Natur – egal ob op enger kuerzer Alldagsfaart oder enger verlängerter Weekend Tour. Modeller mat breede Pneue bidde méi Gripp wéi hir Stroossevarianten, wouduerch den Toure Vëlo Iech eng sécher Fuerfreed op netasphaltéierte Weeër bidd. Mat staarke Motoren an enger imposanter Batteriekapazitéit sidd Dir gutt fir all Aventure equipéiert. Entdeckt et elo!

Kader Material: Aluminium
Marken: Scott, KTM, tout-terrain, Urban Jungle, Velo de Ville

Dir sicht een héichwäertege elektresche Rees Vëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den elektresche Rees Vëlo – Expeditiouns Vëlo
Entdeckt d'Welt mat zouverlässegen a robuste Rees Vëloen, déi fir Aventuren gemaach sinn! Mat héichwäertege Komponente bidden eis Vëloen net nëmme Confort, mee och Sécherheet op laange Reesen. Dës Vëloen si staark, abenteuerlech a virun allem praktesch an ënnerhaltsarm. Mat der innovativer Pinion Motor Schaltgedriw Eenheet an enger imposanter Batteriekapazitéit sidd Dir gutt equipéiert. Start Är Expeditioun a erlieft onvergiesslech Momenter an der Natur!

Kader Material: Aluminium
Marken: tout terrain

Dir sicht een héichwäertege elektresche Vollgefiederte Toure Vëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den Vollgefiederte Tourevëlo

Déi néi vollgefiederte Tourevëloen, bidden duerch hier Fiederung hannen en onbegrenzte Confort mat engem Design, den sech op eng optimal Ergonomie konzentréiert. All Detail ass esou designt, datt en een onvergläichlecht Fuergefill bitt. Egal ob op laangen Touren oder kuerzen Ausflich, de Confort Konzept vum vollgefiederte Tourevëlo suergt dofir, datt Dir all Kilometer ouni grouss Méi an entspaant genéisst. Déi douce Fiederung an déi perfekt Sëtzpositioun maachen all Iwwerzeegungsaarbecht iwwerflësseg. Mat staarke Motoren an enger imposanter Batterikapazitéit sidd Dir gutt equipéiert fir all Aventure. Entdeckt et elo!

Kader Material: Aluminium

Marken: Scott, KTM, Velo de Ville

 

Dir sicht een héichwäertege elektresche Stadvëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den Elektresche Stadvëlo

Maacht all Ausfaart besonnesch – mat engem faarwege Stadvëlo aus eiser Urban Kollektioun. Fannt déi bescht Route fir de Stadverkéier ze vermeiden. Mat engem elektresche Motor musst Dir Iech keng Suerge méi em ee Stau, e Manktem u Parkplazen a steil Montée maachen. Verbessert Äre Wee op d'Aarbecht, freet Iech Akeef an der Stad ze maachen, genéisst Ären Owend mat enger entspaanter Tour ausserhalb vun der Stad.
Erliewt Är Stad nei, entdeckt nei Weeër a fuert mat Selbstvertrauen de ganzen Dag,  an dat all Dag!

Kader Material: Aluminium

Marken: Scott, KTM, tout-terrain, Urban Jungle, Velo-de-Ville

Dir sicht een héichwäertege elektresche Klappvëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den elektresch Klapp Vëlo

Elektresch Klapp Vëloen sinn de perfekte Begleeder fir Äre Liewensstil an der Stad! Ob am Zuch, an Ärer Wunneng oder an Ärem Auto – hir Manövrierbarkeet an hir intelligent Technologie maachen se zur idealer Wiel. Mat schlaue Funktiounen a voller E-Bike-Kraaft sidd Dir fir all Situatioun gerëscht. Erlieft Fräiheet, Flexibilitéit a vill Vëlos-Spaass, egal wou Dir sidd. Äer nei Aventure waart op Iech!

Kader Material: Aluminium

Marken: Velo de Ville, KTM

 

Dir sicht een héichwäertegen elektreschen Transport Vëlo zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Den Elektreschen Transportvëlo

Elektresch Transportvëloe verwandelen all Vëlo an e richtegt Transportwonner. Mat staarke Motoren an enger imposanter Batterikapazitéit bidden si Stabilitéit a gutt duerchduechte Léisunge fir den Alldag. Egal ob et Kanner, Akeef oder Aarbechtsmaterial ass – dës villsäiteg Vëloe bidden nei Méiglechkeeten a maachen Äert Liewe méi einfach. Dat Bescht ass, datt Dir tëscht Praktesch a Confort kee Kompromëss maachen mussz. Elektresch Transportvëloen verbannen béides a maachen all Ausfluch zu enger entspaanter Erfarung.

Kader Material: Aluminium

Marken: Velo de Ville, Hasebike, KTM

Dir sicht een héichwäertegen elektreschen Tandem zu Lëtzebuerg? dee fann der hei! 

Den elektreschen Tandem

En Tandem bitt e eenzegaartegt Fuererliewnis fir zwou Persounen. Et fërdert Zesummenaarbecht a Kommunikatioun, well béid Fuerer mateneen am Aklang schaffen mussen. Mat staarke Motoren an enger imposanter Batterikapazitéit, egal ob Dir sportlech oder entspaant fuert, schaaft d'Tandem fuere Momenter vum Gléck, stäerkt d'Kamerodschaft a garantéiert onvergiesslech Erfarungen.

Kader Material: Aluminium

Marken:  Hasebike, Juchem Bikes

Dir sich een héichwäertegen Elektresche Vëlo am léien, Dräirad zu Lëtzebuerg? dee fann der hei!

Dat Elektrescht Liegerad

Vëlo fueren ass net nëmmen eng gesond Aktivitéit, déi den Häerz-Kreeslaf stäerkt an de Stoffwiessel stimuléiert, mee och eng wäertvoll Geleeënheet fir Leit mat kierperlechen oder geeschtege Behënnerungen. Innovativ Spezialvëloe a staark Motoren erlaben dëse Leit, Hindernisser ze iwwerwannen an aktiv um Liewen deelzehuelen, wärend si hir Gelenker schounen. Dës Aart vu Beweegung stäerkt net nëmmen d'Kierperbewosstsinn, mee erhéicht och d'Selbstwäertgefill an d'sozial Fäegkeeten. Vill Leit fannen duerch d'Vëlofueren hire Platz am Verkéier a erliewen en neit Gefill vun Onofhängegkeet.

Et gi vill Modeller, déi d'Vëlofuere sécher a lëschteg maachen. Dëst mécht d'Vëlofueren zu enger Beräicherung fir jiddereen.

Ausféierung: Aluminum

Marken: Hasebikes, HP Velotechnik, Ice Trikes, AZUB, Urban Fahrradbau

 

Gebrauchtefahrräder in unserem Fahrradladen

Second Hand: Flott Elektro Vëloen aus zweeter Hand!

 

Reparatur Atelier fir Vëloen zu Lëtzebuerg  

SERVICE gëtt bei eis GROUSS geschriwwen!

 

Sicht Dir no enger professioneller Reparatur fir Äre Vëlo? Eis ausgebilte Spezialiste mat 35 Joer Erfarung an der Vëlosreparatur kënnen Iech genau dat bidden. Egal ob Dir e Coursevëlo, en Mountainbike, en Trekking Vëlo, en Stadvëlo, en Kannervëlo, en Elektrovëlo oder en Liegevëlo hutt – mir këmmeren eis ëm all Modell mat der héchster Opmierksamkeet. Duerch kontinuéierlech Weiderbildungen hale mir eist Wëssen um neiste Stand, fir Iech de bescht méigleche Service ubidden ze kënnen. Mir hunn och eng grouss Auswiel u Accessoirë wéi Posche, Schlässer, Bekleedung, an Ersatzdeeler. Vertraut eis Är Vëloen un!

Gutt Faart!

 

LS_Sports_on_Facebook  LS_Sports_on_instagram LS_Sports_on_youtube