Den Elektrovëlo - Pedelec 25 km/h

Den Elektrovëlo (PedElec 25 km/h): Dësen Vëlo ënnerstëtzt Ären Kraaftopwand beim Pedalléieren duerch een Elektromotor. Den Transport vun Kanner souwéi Géigestänn gëtt erliichtert. Ënnerstëtzung bis 25km/h. Déi bëssen aner Aart Vëlo ze fueren, ouni ze schweessen an ouni ausser Otem ze kommen. Wat bis elo fir mam Vëlo ze weit, oder ze ustrengend geschéngt huet, gëtt elo een Plaiseier: Energie erliewen.

 

Elektrorennräder in unserem Fahrradladen Elektro Coursevëlo: Eegnen sech fir eng sportlech Fuerweis. Hier liicht Bauweis an déi 28" Rieder erméiglechen Iech een liicht Fueren.

Ausféierung: Aluminium, Carbon

Marken: Scott. KTM

 

Elektro Gravel Vëloen zu Letzebuerg Elektro Gravel Vëloen: Eegent sech fir eng sportlech Fuerweis, liicht Bauweis. Duerch d’Noppenpneuen ass d’Fueren um Terrain, op d’Aarbecht oder eng Tour iwwert all Wee méiglech.

Ausféierung: Carbon, Aluminium

Marken: Scott., KTM

 

Elektromountainbikes,E-MTB in unserem Fahrradladen Elektro Mountainbike (E-MTB): een stabillen Vëlo mat breeden Pneuen an liichten Gäng.
Fuerweis: Querfeldein duerch den Bësch, souwéi Feldweeër oder schmuel Spazéierweeër. An 27,5“ an 29“ erhältlech. Pneuen mat breedem an guddem Profil.

Ausféierung: Carbon, Aluminium

Marken: Scott, KTM, Riese und Müller.

 

Elektrotrekking Fahrräder in unserem Fahrradladen Elektro Trekking Onroad: Dësen Vëlo eegent sech fir d'Bierger, d'Stroossen oder d'Vëlosweeër. Erhältlech an 28" Rieder. Schmuel Pneuen, Fiederung an der viischter Gafel. Den Vëlo ass mat Gepäckdréier, Schutzblech an Beliichtung equipéiert. Mat enger liicht no fir gebéiten Sëtzpositioun an breeden Pneuen ass en komfortabel fir kleng Touren op asphaltéierten oder befestegten Vëlosweeër bzw. Stroossen. Vëlosposchen erliichteren d’Mathuelen vun Gepäck. 

Ausféierung: Aluminium

Marken: Riese und Müller, Scott, KTM, Velo-de-Ville

 

Elektro-offraodtrekking Fahrräder in unserem Fahrradladen Elektro Trekking Offroad: Dësen Vëlo eegent sech fir d'Bierger, d'Stroossen, d'Vëlosweeër oder liicht Bëschweeër. 28" Rieder, schmuel Pneuen, Fiederung an der viischter Gafel.
Ausféierung: Aluminium
Marken: Scott, KTM, Velo de Ville

 

Elektrostadt Fahrräder in unserem Fahrradladen Elektro Citybike, Staatvëlo, bequeemt Op- an Ofklammen. Duerch d'Nuewenschaltung erméiglecht et een Schalten ouni Problemer am Stand oder beim Fueren (3-8 Gäng Enviolo 380°).

Ausféierung: Aluminium

Marken: Riese und Müller, Scott, KTM, Velo-de-Ville

Elektro Transport Fahrräder in unserem Fahrradladen Elektro Transport Vëloen:

Prakteschen Vëlo fir den deeglechen Gebrauch. Vill Asaatzméiglechkeeten!

  • Kanner an d’Schoul bréngen
  • Den deeglechen Akaf
  • All Genre vun Transport

En kann souguer den Zweetauto ersetzen!

Ausféierung: Aluminium

Marken: Riese und Müller, Butchers and Bicycles. Velo de Ville, Hasebike, Triobike

 

Elekrto Liege Fahrräder in unserem Fahrradladen Elektro Liegeräder: Vëlo fueren ass gesond, et bréngt den Kierper op Trap, stäerkt Häerz an Kreeslaf an reegt den Stoffwiessel un. Zousätzlech entlaascht et d'Gelenker, well den Vëlo d'Kierpergewiicht dréit.

Vill psychesch oder kierperlech behënnert Mënschen kennen leider net mat engem Standard Vëlo fueren. Koordinatioun oder Gleichgewiichtssteierungen maachen dëst onméiglech. Bei Spezialvëloen ass dat anescht. Nieft dem allgemeng positivem kierperlechen Effekt duerch d'Beweegung huet d'Vëlofueren eng ganz Rei un therapeuteschen Wierkungen op d'Leit. Kierperbewosstsein, Selbstwäertgefill an sozial Kompetenz! Verschidden Mënschen beweegen sech mëttlerweil souguer komplett selbststänneg am Stroossenverkeier.

Ausféierung: Aluminum

Marken: Hasebikes, HP Velotechnik. Ice Trikes, AZUB

 

Gebrauchtefahrräder in unserem Fahrradladen Second Hand: Flott Elektro Vëloen aus zweeter Hand!

 

Reparatur Atelier fir Vëloen zu Lëtzebuerg  SERVICE gëtt bei eis GROUSS geschriwwen.

 

Mir verfügen iwwert ausgebilt Fachpersonal, souwéi 30 järeg Erfarung an maachen eist Bescht fir Ären Vëlo fachgerecht ze reparéieren, onofhängeg vun Mark oder Typ, ob Coursevëlo, Mountainbike, Trekking, City, Kannervëlo, Pedelec, BMX asw. Duerch stänneg Weiderbildungen versichen mer ëmmer op dem neisten Stand ze sinn. Mir feieren eng grouss Auswiel un Accessoiren: Poschen, Schlässer, Bekleedung, souwéi Ersatzdeeler.

Gutt Faart!

 

LS_Sports_on_Facebook  LS_Sports_on_instagram LS_Sports_on_youtube