De Vëlo

Rennräder bei LS Sports SchierenCourse Vëloen, Triathlon Vëloen oder Zäit Vëloen eegnen sech fir eng sportlech Fuerweis. Sie sinn fir Coursen oder laang Ausfuerten vun Virdeel, well hier liicht Bauweis an déi schmuel 28“ Pneuen een liicht Fueren erméiglechen.

Ausféierung: Aluminium, Carbon

Marken: Scott, KTM.

Gravel Vëlo zu LëtzebuergGravelbike: Eegent sech fir eng sportlech Fuerweis, liicht Bauweis. Duerch d’Noppenpneuen ass d’Fueren um Terrain, op d’Aarbecht oder eng Tour iwwert all Wee méiglech.

Ausféierung: Aluminium, Carbon, Stol.

Marken: Scott, Tout-Terrain, KTM.

Mountainbikes,MTB bei LS Sports SchierenMountainbike (MTB), Een stabillen Vëlo mat breeden Pneuen an liichten Gäng. Fuerweis: Querfeldein duerch den Bësch, souwéi Feldweeër oder schmuel Spadséierweeër. Erhältlech an 26“, 27,5“ an 29“. D’Vëloen verfügen iwwert breet Stollenpneuen fir eng gutt Haftung an Gripp.

Ausféierung: Aluminium, Carbon

Marken: Scott, KTM.

 

Trekking Onroad oder Offroad:

Dësen Vëlo eegent sech fir d’Bierger, d’Stroossen, d’Vëlosweeër oder liicht Bëschweeër. Erhältlech an 28“ Rieder. Schmuel Pneuen, Fiederung vun der viischter Gafel.

Onroad Trekking Fahrräder bei LS Sports SportsOnroad Trekking. Den Vëlo ass mat Gepäckdréier, Schutzblech an Beliichtung equipéiert. Mat enger liicht no fir gebéiten Sëtzpositioun an breeden Pneuen ass en komfortabel fir kleng Touren op asphaltéierten oder befestegten Vëlosweeër bzw. Stroossen. Vëlosposchen erliichteren d’Mathuelen vun Gepäck.

Ausféierung: Aluminium, Stol

Marken: Scott, KTM, Tout-Terrain, Velo-de-Ville

Offrod Trekking Vëloen zu LëtzeburegOffroad Trekking, Cross Vëlo: Mat enger liicht no fir gebéiten Sëtzpositioun an schmuelen Stollenpneuen ass dësen Vëlo fir befestegt an onbefestegt Vëlosweeër, souwéi Feldweeër gëeegent.

Ausféierung: Aluminium, Stol.

Marken: Scott, KTM, Tout-Terrain, Velo-de-Ville

Stadt Fahrräder für Luxembourg bei LS Sports SchierenCitybike, den Staatvëlo: Déi oprecht bequeem Sëtzpositioun erméiglecht een einfacht Op- an Ofklammen an eng besser Iwwersiicht am Stroosseverkéier. Eng Nuewenschaltung erméiglecht een problemlost Schalten am Stand oder beim Fueren (3-8 Gäng).

Ausféierung: Aluminium, Stol

Marken: Scott, KTM, Tout-Terrain, Velo-de-Ville

 

Kinder Fahrräder in Luxemburg bei LS Sports SchierenKannervëloen: Mir féieren all d’Gréissten vun 12“ bis 24“, souwéi Lafrieder ab 2 Joer.

Marken: Scott, KTM.

Liege Fahrräder in Luxemburg bei LS Sports Schieren Liegerieder : Vëlo fueren ass gesond, et bréngt den Kierper op Trap, stäerkt Häerz an Kreeslaf an reegt den Stoffwiessel un. Zousätzlech entlaascht et d'Gelenker, well den Vëlo d'Kierpergewiicht dréit.

Vill psychesch oder kierperlech behënnert Mënschen kennen leider net mat engem Standard Vëlo fueren. Koordinatioun oder Gleichgewiichtssteierungen maachen dëst onméiglech. Bei Spezialvëloen ass dat anescht. Nieft dem allgemeng positivem kierperlechen Effekt duerch d'Beweegung huet d'Vëlofueren eng ganz Rei un therapeuteschen Wierkungen op d'Leit. Kierperbewosstsein, Selbstwäertgefill an sozial Kompetenz! Verschidden Mënschen beweegen sech mëttlerweil souguer komplett selbststänneg am Stroossenverkeier.

 
 

Gebrauchtefahrräder in unserem FahrradladenSecond Hand: Flott Vëloen aus zweeter Hand!

 

Reparaturservice vun Vëloen an Lëtzebuerg  SERVICE gëtt bei eis GROUSS geschriwwen.

Mir verfügen iwwert ausgebilt Fachpersonal, souwéi 30 järeg Erfarung an maachen eist Bescht fir Ären Vëlo fachgerecht ze reparéieren, onofhängeg vun Mark oder Typ, ob Coursevëlo, Mountainbike, Trekking, City, Kannervëlo, Pedelec, BMX asw. Duerch stänneg Weiderbildungen versichen mer ëmmer op dem neisten Stand ze sinn. Mir feieren eng grouss Auswiel un Accessoiren: Poschen, Schlässer, Bekleedung, souwéi Ersatzdeeler.

GUDD FAART!