ausgewielten Neiegkeet
Welt-Schlaganfall-Dag
29/10/2026 NewsDen 29 Oktober fënnt de järleche Welt-Schlaganfall-Dag statt. De lëtzebuergesche Ministère fir Gesondheet a Sécherheet schafft op een néits mat der Blëtz asbl zesumme fir d’Gesellschaft op d’Warnsignaler hinzeweisen a fir de Concernéierten hier Solidaritéit auszeschwätzen. An Lëtzebuerg erleiden duerchschnëttlech 4 Mënsche pro Dag ee Schlaganfall. Dobäi gëtt ee Blutgefäß am Gehier duerch ee Bluttgerinnsel verstopft oder et räisst. En Deel vum Gehier gëtt net mei duerchblutt an erleit opgrond vu Sauerstoffmangel ganz schnell Schied.
Wann Dir dat Gefill hutt eng Persoun kéint grad ee Schlaganfall erleiden, wennt den FAST Test un:
F wéi „face“: hänkt eng Säit vum Gesiicht erof?
A wéi „arms“: fält et der betraffenen Persoun schwéier d’Äerm ze hiewen?
S wéi „speech“: ass d’Sprooch verwäsch oder ondäitlech?
T wéi „time“: Verléiert keng Zäit, rufft den 112 un!
Des Weideren, recommandéiert de Ministère de Bluttdrock an de Cholesterolspigel reegelméisseg beim Hausdokter kontrolléieren ze loossen, den Zigaretten an Alkoholkonsum ze meiden an ee gesonde Liewensstil mat Stressreduktioun ze feieren.
An dësem Zesummenhang wëlle mer nach eemol dorobber opmierksam maachen, dass Dir bei eis Therapievëloen vun de Marken HaseBikes, HP Velotechnik, Urban Fahrradbau, Ice Trikes an Azub fanne kennt. Ob mat oder ouni E-Undriff, mat engem Therapievëlo kennt Dir trotz Schlaganfall Spaass um Liewen hunn.
Kommt gäre fir eng Berodung laanscht a fannt de richtegen Therapievëlo fir Iech!