ausgewielten Neiegkeet

Welt-Down-Syndrom-Daach

21/03/2026 News

Den 21.03.2026 ass wéi all Joer de Welt-Down-Syndrom-Daach. Den Datum gräift symbolesch d’Tatsaach op, dass bei Mënsche mat Down-Syndrom de Chromosom Nr. 21 dräimol virkënnt. Ënner dem Slogan „Together against Loneliness“ gëtt een Zeeche fir Nähe, Solidaritéit an ee Matenee gesat. Weltwäit ginn ob dësem Daach ënnerschiddlech Aktiounen an Evenementer organiséiert, fir d’Gesellschaft ze sensibiliséieren an d’Inklusioun vun de Betraffenen ze fërderen.

D’Droe vun zwou ënnerschiddleche Strëmp ass no an no zum Symbol vun dësem Daach ginn. Well een Chromosom d’Form vun enger Strëmp huet gëtt d’Droe vun zwou verschiddenen als Zeeche fir d’Eenzegaartegkeet vun all eenzelnem Mënsch gesinn.

An dësem Zesummenhang wëlle mer nach eemol dorobber opmierksam maachen, dass Dir bei eis Therapievëloen vun de Marken HaseBikes, HP Velotechnik, Urban Fahrradbau, Ice Trikes an Azub fanne kennt. Ob mat oder ouni E-Undriff, mat engem Therapievëlo kennt Dir trotz Trisomie 21 Spaass um Liewen hunn.

Kommt gäre fir eng Berodung laanscht a fannt de richtegen Therapievëlo fir Iech!