ausgewielten Neiegkeet

Oppassen bei Reparaturofferen fir Batterien!

01/01/2024 News

Lithium-Ionen-Batterien vun E-Bikes mussen virum Verkaf sécher konstruéiert, produzéiert an entspriechend gepréift sinn, fir Iech den Maximum un Sécherheet ze gewährleisten. Dowéinst gëtt et divers Ufuerderungen, wéi zum Beispill EN-50604-1 oder UN-T 38.3. Dësen Ufuerderungen muss all Batterie entspriechen iert se duerf transportéiert oder benotzt ginn. Beim Proufplang vum UN-T 38.3 muss all Batterie fir d’eicht Sécherheetstester duerchlafen fir seng Belaaschtungsgrenzen ze erkennen. Heibäi handelt et sech zum Beispill em Iwwerlaaschtungstester, Schlaachprüfungen, Kuerzschlussprüfungen, Vibratiounen an thermesch Tester.

All Batterie Hiersteller muss des Tester virum Verkaf ofgeschloss hunn.

Dowéinst warnen mer Iech virun Reparaturofferen déi keng erfollegräich UN-Tester virweisen kennen. Wann Dir op solch Offeren agitt riskéiert Dir net nëmmen Är eegen Sécherheet an déi vun Ären Matmënschen, mais Dir verléiert och nach d’Garantiezousoo vun dem Hiersteller.

Mir bieden Iech nëmmen op Reparaturofferen vun qualifizéierten Hiersteller anzegoen, déi déi ugeuerdent Testereien bei hiren Wueren duerchgefouert hunn.