ausgewielten Neiegkeet

Vun elo un bei eis disponibel, d'E-Bikes vun Urban Jungle!

24/05/2024 News

Duerch déi aktuell Verkéierslag ass de Vëlosfuerer oft gezwonge vu befestegte Stroossen op alternativ Weeër auszeweeschen. D’Ziel vun Urban Jungle ass d’Erausfuerderunge vum Stroosseverkéier mat der Freed um Fräizäitfuere a grénger Emgeigend ze kombinéieren. Dofir hu si E-Bikes entwéckelt déi fir verschidden Ënnergrënn gëeegent sinn, vu Feld- iwwer Bëschweeër bis hin zu Pavé a Vëlosweeër.

D’Vëloen iwwerzeegen duerch een urbaant an elegant Design. D’optimal Kombinatioun aus Maövreierbarkeet a Stabilitéit bidden déi 27,5 Zoll Rieder. Urban Jungle huet säi Fokus op Sécherheet a Siichtbarkeet geluecht. All d‘Vëloen si mat héichwäertege Luuchte vu Lezyne a Supernova ausgestatt. Des Weidere ginn se mat de fortschrëttlechen Bosch Smart System Motoen ugedriwwen.

Bis elo ginn et véier Vëlosmodeller: de Barrio 1.0, de Barrio 2.0, de Barrio 3.0 an de Ginza 1.0. Ausserdeem hutt Dir de Choix zweschen zwou Cadersformen, Wave a Gent.

Wann Äert Interesse geweckt ass, kommt gäre laanscht fir Iech selwer ee Bild vun de E-Bikes ze maachen, déi d’Wënsch an d'Besoien vum moderne Vëlosfuerer erfëllen.

Urban Jungle Wave Wakame Green Urban Jungle Wave Pesto GreenUrban Jungle Wave Ochre YellowUrban Jungle Wave Midnight Blue