ausgewielten Neiegkeet

Urban Cargo vun Vaude: d’Kombinatioun aus Vëloskuerf an Vëlosposch

07/04/2025 News

Den Urban Cargo ass een Vëloskuerf mat Posch den souwuel eenzel ewéi och zesummen villsäiteg asetzbar ass. Mat engem maximalen Luedegewiicht vun 12,5kg ass souguer den Transport vun schwéieren Saachen keen Problem mei. D’Vëlosposch kann aus dem Holster geholl ginn an mat dem verstellbarem Gurt iwwert d’Schëller gedroen ginn. Se gouf duerch Hochfrequenztechnik wasserdicht verschweesst an léisst sech ouni Problemer un den Inhalt upassen. Den Befestegungssystem erméiglecht mat just engem Handgrëff en einfachen Montage um Vëlo an ass per Handriedercher justéierbar. Den robusten Holster kann um Vëlo bleiwen an och fir den Transport vun aneren Géigenstänn genotzt ginn wéi zum Beispill enger Bürosposch, engem Rucksak, engem Colis oder enger Yogamatt. Fir den stabillen Haartschuelenréck vum Holster goufen Konschtstoff Deeler vun verschrottenen Autoen (Stoussstaangen) weiderverwend. Des Weideren ass déi ganz Posch komplett frei vum gesondheetsschiedlechem an ëmweltschiedlechem PVC.

 

Vaude Urban CargoVaude Urban CargoVaude Urban CargoVaude Urban CargoVaude Urban Cargo