ausgewielten Neiegkeet

Tout Terrain, d'Premiumvëloen aus Däitschland sinn ab elo bei eis disponibel!

06/09/2024 News

D’Vëloe ginn an Handaarbecht an der eegener Manufaktur a Gundelfingen entwéckelt a gefäerdegt.

Ee Pamir One steet schonn als Testvëlo bei eis bereet!

De German Design Award Winner vun 2024 gëtt vun dem néie Pinion E-Drive System ugedriwwen, enger innovativer Entwécklung, déi Motor a Getriebe an engem kompakte Baudeel vereent. Doriwwer hinaus gouf e mat dem néi entwéckelten, an Europa hiergestallten, Aluminiumkader equipéiert, den iwwert een integréiert Batteriefach an optionale Range Extender verfüügt. De E-Bike iwwerzeegt duerch seng Laangliewegkeet an Upassungsfäegkeet. En huet säin Numm vum Pamir Highway an Tadschikistan. En ass, mat 4900 Höhenmeter, déi zweethéchste befestegt Fernstrooss vun der Welt.