ausgewielten Neiegkeet
Néi bei eis: Vëlosfändelen vun Bikeflags!
18/12/2018 NewsDes Bikeflags ënnerscheeden sech virun allem duerch hier Hierstellung vun deenen aneren op dem Marché erhältlechen Vëlosfändelen. D'Hiersteller hunn sech vill Gedanken gemaach an schaffen ëmmer weider un Detailverbesserungen. Entstanen ass een héichwäertegen, gutt duerchduechten, techneschen Produit. Een grousst Mierkmol vun dësen Fändelen ass, dass se tatsächlech an Däitschland an sengen Nopeschlänner produzéiert ginn an dass d'Hiersteller ouni asiatesch Zouliwwerer oder Veraarbechter auskommen. Den Fändel selwer besteet aus UV stabillen Konschtfaseren. Dobäi hunn si op héchstméiglech Luchtechtheet am Outdoor Asaz wert geluecht an dat technescht maximal Méiglecht ëmgesat. Un den Fändelen gëtt net gepecht, d'Verbindungen ginn an Industriequalitéit gebitzt an grondsätzlech sinn all d'Fändelen zweelaageg. Och d'Reflex-Asätz sinn op all Seit separat agebitzt. Dat garantéiert héchsten Qualitéit an Halbarkeet iwwer vill Joren, een Räissen bei héijer Vitess ass domat ausgeschloss. Zousätzlech gëtt et niewent 11 verschiddenen Faarwen och nach dréi verschidden Gréissten: L: 85x24cm, M: 58x21cm, S:34x18cm.

Des Weideren hunn mir d'Safety Circles vun Bikeflags. Fir jiddereen, den besonnesch vun hannen nach besser gesinn well ginn, ginn et Safety Circles. Dat selwecht Material, selwecht héichwäerteg Veraarbechtung wei bei den Fändelen an och an verschiddenen Faarwen erhältlech. Sie hunn een Duerchmiesser vun 14,5cm. D'Safety Circles kann een net nëmmen um Gepäckdréier befestegen, mais och un den Kappstützen, um Schoulsak oder un der Vëlosposch.
