ausgewielten Neiegkeet

Néi an eisem Sortiment: d’Funktiounsennerwäsch vu Woolpower!

03/11/2023 News

D’Mark steet fir Nohaltegkeet a Laangliewegkeet. Mat hirem eegenen Tissu “Ullfrotté original” hu si Funktiounsennerwäsch hiergestallt, déi och extreme Wiederbedingungen standhält. D’Wuer ass fir verschidden Aktivitéitslevel gëeegent a gëtt a Schwede verferdegt.

D’Hiersteller setzen op Merino Woll, well des laanglieweg an isoléierend ass. Se wärmt wann et kal ass a killt wann et waarm ass. Des Weideren transportéiert si d’Fiichtegkeet an huet eng antistatesch Funktioun. Se ass geruchshemmend a schwéier entflambar.

An eisem Sortiment fann Dir T-Shirts souwéi Crewnecks mat Funktiounsstuf “Lite” an “Ullfrottée 200”.

“Lite” ass den dënnsten Tissu a ka soumat als Ënnerschicht gedroe ginn. Well d’Merino Woll souwuel wärmen wei och kille kann, ass e fir all Joreszäit gëeegent.

“Ullfrottée 200” ass den dënnsten Ullfrottée an isoléiert d’Wäermt, déi de Kierper produzéiert. En ass op 60°C wäschbar an trocknergeegent.