ausgewielten Neiegkeet

Ni méi Oppompelen! Den Schwalbe Airless System

21/02/2020 News

Schwalbe Airless System (SAS) ass déi innovativ loftfrei Vëlosbereefung mat komfortabelen Fuereegenschaften vun Schwalbe. Sou brauchen Är Pneuen keen Entretien wärend der gesamter Notzungszeit (bis zu 10 000 Kilometer bei üblecher Notzung).

Den System ass bal identesch mat enger Loftbereefung mat 3,5 bar (40-622), ëmmer selwecht bleiwend ouni Effizienzverloscht! Et verfüügt iwwert een genialen Gripp, well bei Compound an Pneuopbau op déi selwecht Technologie wéi bei allen Schwalbe Pneuen zeréckgegraff gouf.

Den Schwalbe Airless System ass ideal fir jiddereen, den komfortabel an suergenfrei Vëlofueren well, wéi zum Beispill E-Bikes (25km/h) an Beruffspendler.

Fir dat gesamt Schwalbe Team steet Sécherheet un éischter Stell, dohier duerf den SAS nëmmen am zertifiéierten Vëlosfachhandel montéiert ginn. Mir verfügen iwwert dësen Zertifikat an hunn op den System geschoulten Monteuren, souwéi een speziellt SAS Montagegeschirr.

SAS huet eis iwwerzeegt! Wann Dir Interesse hutt dann mellt Iech bei eis!