ausgewielten Neiegkeet

LS-Sports Aftermovie TransArdenne Biking Heroes 2019

31/05/2019 Events

Et ass souwäit! Mir sinn stolz Iech eisen Aftermovie vum "TransArdenne Biking Heroes" virzestellen.

Mir waren fir d'Bereetstellen vun den Liegerieder, fir d'Astellen vun den Vëloen, fir d'Reparaturen an fir den Depannage op der Stréck zoustänneg. Et war eng grouss Éier dësen Projet mat ze organiséieren an dorunner deel kennen ze huelen.

Am Schéinsten war et ze gesinn wat fir eng Motivatioun an Wellensstärkt gewisen gouf. Mir freeën eis op déi nächst Editioun an hoffen, dass dësen Projet nach laang weider gefouert kann ginn.

Gléckwonsch an Respekt un d'Sportler an Villmools Merci!