ausgewielten Neiegkeet

Wéineg Entretien an langlieweg – den „Belair“ vun Tout Terrain!

21/06/2025 News

Wann Dir op der Sich no engem langliewegen E-Bike mat wéineg Entretien sidd, dann ass den „Belair“ vun Tout Terrain genau dat Richtegt fir Iech. Mat engem an der EU hiergestallten Aluminiumskader an engem Pinion MGU Undriff ass dësen E-Bike laang un Ärer Säit.

D’Pinion Motor-Gedriff-Eenheet erméiglecht Iech präziist Schalten mat entweder 9 oder 12 Gäng. Duerch den zouenen an ofgedichten System ass se extrem robust an brauch wéineg Entretien. Mat nëmmen 4kg bei 9 Gäng bzw. 4,1kg bei 12 Gäng ass se zudeem liicht an effizient.

D’Aluminiumskaderen vun Tout Terrain zeechnen sech duerch eng ganz gutt Korrosiounsbeständegkeet aus. Virum Verschweessen vun den Deeler vum Kader gëtt d‘Hydroforming Prozedur benotzt. Dobäi ginn d’Aluminiumsreier an Huelformen geluecht an mat engem gliddegen Ueleg-Waasser-Melange ënnert héijem Drock angepresst. Doduerch erhalen d’E-Bikes vun Tout Terrain eng modern Ästhetik an hier individuell Nout. 

Des Weideren ass den „Belair“ mat engem Komfortlenker equipéiert. Dësen ënnerstëtzt eng ergonomesch Haltung an reduzéiert den Drock op d’Handgelenker an d’Schëlleren. Fir zousätzlechen Stauraum ze kréien kann een Frontkuerf souwéi een Gepäckdréier als Optioun dobäi gemaach ginn.

Wann Dir um „Belair“ interesséiert sidd dann kennt Dir gären eng kéier laanscht luussen kommen.