ausgewielten Neiegkeet

Livall Helmer

06/12/2019 News

Am Wanter gëtt et net nëmmen méi kal, et gëtt och méi schnell däischter an d’Siicht gëtt duerch Niwwel an Précipitatioun staark beanträchtegt. D’Helmer vun Livall erméiglechen dem Vëlofuerer ëmmer siichtbar ze sinn an sech sécher ze fillen. Duerch eng kleng Fernsteierung déi een ouni Problemer um Lénker befestegen kann, kann een bequem an sécher wärend dem Fueren ënner 6 bis 8 Funktiounen wielen. Des Weideren ass all Helm mat enger Dag-Nuecht-Automatik ausgestatt. Dat heescht, dass sech d’Luuchten automatesch uschalten wann et däischter gëtt an sech rëm selwer uschalten wann et hell gëtt.

All Helm besetzt folgend Funktiounen: op der Reckseit befannen sech aacht LEDs déi wärend dem ganzen Fueren als Reckliichter dengen. Déi kennen mat nëmmen engem Tastendrock als Winker agesat ginn. Een Livall Helm kann Stierz erkennen an am Noutfall eng SOS-Noriicht verschécken. Des Weideren befannen sech an all Helm Lautsprecher, souwéi een Mikro. Doduerch kann een bequem an sécher wärend dem Fueren telefonéieren. Zousätzlech ass den Mikro wandgeschützt, doduerch genéisst Dir déi beschten Sprochqualitéit. Iwwert d’Lautsprecher kennt Dir och Navigatiounsunsoen kréien, domat Dir sécher ni méi déi falsch Ofzweigung huelt! Ausserdeem kennt Dir Är Liblingsmusek beim Vëlofueren zu jidder Zäit genéissen, ouni Kopfhörer ze brauchen. Een weideren Pluspunkt ass d’Funktioun Walkie-Talkie. Et kann een zweschent zwee Livall Helmer ouni Telefonskäschten kommunizéieren an doduerch d’Route an d’Pausen openeen ofstëmmen.

Ganz néi: den Modell BH51 Neo. En verfüügt iwwer 3 zousätzlech Funktiounen, wie déi néi Positiounsluuchten un der Vierderseit. Ansoufern ass een vun allen Säiten gutt ze erkennen. Des Weideren kann d’Récklucht elo Bremsviergäng erkennen an liicht hell op. Des Funktioun trëtt an, wann d‘Fueren entspriechend verzögert gëtt. Zum Schluss nach déi néi Funktioun „Anti-Loss Alarm“. Dësen haarden Toun kann een héieren soubal een den Handy verléiert.

Schlussfolgernd kann een soen, dass Livall Sécherheet, Technik an Design an beschter Qualitéit vereent!