ausgewielten Neiegkeet

Internationalen Daach vum wäisse Stack

15/10/2026 News

De 15.10.2026 fënnt de järlechen Daach vum wäisse Stack statt. E gouf fir d’éischte Kéier 1964 vum US-Präsident Lyndon B. Johnson an d’Liewe geruff a gellt als weltwäiten Aktiounsdag vu blanne Mënschen. Et geet drëms d’Opmierksamkeet vun der Gesellschaft op d’Rechter, d’Bedürfnisser an d’Selbststännegkeet vu blanne souwéi seebehënnerter Mënschen ze lenken.

An dësem Zesummenhang wëlle mer nach eng kéier drop opmierksam maachen, dass Dir bei eis Therapievëloen vun der Mark HaseBikes fanne kennt. Sie hunn een Tandem Vëlo entwéckelt, den et blanne Mënschen erméiglecht, d’Fräiheet an de Spaß um Vëlofuere voll a ganz erliewen ze kennen. Dir hutt de Choix, ob mat oder ouni E-Undriff.

Kommt gäre fir eng Berodung laanscht a fannt de richtegen Therapievëlo fir Iech!