ausgewielten Neiegkeet

Néi Primm fir Vëloen an Elektrovëloen 25km/h

05/02/2019 News

Den Ministère de l’Environnement huet den 25 Januar 2019 een Projet fir d’Ënnerstëtzung vun der Elektromobilitéit virgestallt. Dobäi geet et em eng finanziell Hëllef beim Kaf vun engem Fortbeweegungsmëttel mat wéineg oder souguer kengem CO2 Ausschoss. Eng vun dësen finanziellen Hëllefen bezitt sech op Vëloen an Pedelecs25 (25 Kilometer pro Stonn).

Fir den Vëlo als ökologescht Transportmëttel ze würdegen huet den Ministère eng Primm vun bis zu 300€, beim Kaf vun engem Vëlo oder Pedelec25 virgeschloen. D’Zomm vun dëser Primm ass 25% vum Preis vum Pedelec25/Vëlo ouni TVA, allerdéngs ouni déi 300€ ze iwwerschreiden.

Des Primm ass nëmmen fir eng natierlech Persoun déi Résident an volljäreg ass. Pro Persoun ass nëmmen eng Primm fir een Vëlo/Pedelec25 erlaabt. Den Vëlo muss nei sinn an d’Rechnung duerf net méi al sinn wei 2019. Den eischtméiglechen Datum fir eng Primm Ufro ass 7 Méint no dem Rechnungsdatum. D’Ufro muss beim Ministère de l’Environnement gemaach ginn. Den entspriechenden Formulaire fannt Dir op dem Internetsite www.clever-fueren.lu. Zweschent der éischter an der zweeter Ufro muss sech eng Zäitspan vun mindestens 5 Joer befannen.

Oppassen: d’Primm kann een net mat der Steierofsetzung fir nohalteg Mobilitéit verbannen!