ausgewielten Neiegkeet

Endlech verfügbar: den néie Scott Spark RC

01/07/2026 News

Ënnert dem Motto „Speed becomes instinct” ass den Spark RC vu Scott an dësem Joer nach méi reaktiounsfreedeg a berechebar wéi seng Virgängermodeller. Heen bitt Gripp, egal ob Dir schwéier Lines meeschtere wëllt oder op der Sich sidd no engem Vëlo, den och bei schwieregem Terrain berechebar bleift.

De Kader funktionéiert elo als komplette System. D’Flex an d’Steifegkeet gouf am ganze Kader openeen ofgestëmmt. De Vëlo fiert sech mei roueg an Dir braucht manner Energie fir en auszegläichen. Doduerch kennt Dir méi Vertrauen an de Choix vun de Linnen hunn a vun nach mei Schnellegkeet profitéieren.

Scott Spark RC

Zousätzlech gouf d’Positioun vum Dämpfer optiméiert. Duerch den nidderege Gewiichtsschwéierpunkt profitéiert Dir vu mei Stabilitéit a Kontroll an hutt soumat ee bessert Fuergefill. Den Tretlager Beräich gouf verstäerkt fir den Dämpfer besser viru Stéiss an Dreck ze schützen. Bei enger gedeelten Ennerrouer-Ofdeckung, virun allem mat elektroneschen Dämpfer, léisst sech d’Andrénge vun Dreck a Fiichtegkeet bal net evitéieren. Dowéinst ass elo ee grousst Offlosslach am Kader, wou d’Waasser offléisse kann. Soumat verfüügt Dir iwwert eng konstant Fiederungsperformance, egal bei wei engem Wieder bzw. Terrain.

Scott Spark RC

Beim Spark RC si speziell op d’Plattform ofgestëmmten Dämpfer mat abegraff. De Setup ass ab Wierk fir Coursen asazbereet. De Vëlo ass awer och mat de Standard XC-Dämpfer kompatibel, falls Dir een anere Setup preferéiert.

Wann Dir mei Informatiounen zum Spark RC wëllt hunn, kennt Dir eis gäre besichen, mer freeën eis Iech ze beroden. Oder Dir kuckt op dem Internetsite vu Scott laanscht.