ausgewielten Neiegkeet

Eisen neien Testvëlo: den Delta tx vun HP Velotechnik!

01/03/2024 News

Dëse Vëlo eegent sech fir all Altersklass, ob jonk oder al. En ass stabil, zolidd, kippsecher a verfüügt iwwert eng déif Opklammhéicht. Des Weideren huet en ee gefiederten Hannerbau an ass, mat nëmmen 32kg, besonnesch liicht am Verglach zu anere E-Sesselrieder.

HP Velotechnik Delta tx-1

De Plattformträger am Heck ka mat bis zu 25kg beluede ginn, soumat ass den Transport vu Wuere kee Problem mei. Außerdem kann e blëtzschnell an dräi Deeler zerluecht ginn a ka liicht mat dem Auto matgeholl ginn.

HP Velotechnik Delta tx-2

Eisen Testvëlo ass mat dem Shimano Steps EP8 Motor, der Speedhub-Nuef vu Rohloff mat 14 Gäng an enger 630Wh Batterie equipéiert. Den Ergo Mesh Premium Sëtz léisst sech ouni Problemer un d’Kierpergréisst an un déi preferéiert Setzhaltung adaptéieren. Zudeem ass en, dank der Orthoflex-Polstertechnologie, un déi jeeweileg Kierperform unpassbar.

HP Velotechnik Delta tx-3

Kontaktéiert eis a séchert Iech eng Testfaart mat dem neie komfortabele E-Sesselrad Delta tx!