ausgewielten Neiegkeet

Eglove 4: déi véiert Generatioun beheizbarer Vëloshändschen vu Racer!

18/01/2024 News

D’Eglove 4 sinn beheizbar Vëloshändschen déi iwwert eng wasserdicht Polymax-Membran, souwéi dräi Heizstufen verfügen. De mikroprozessorgesteierten iR-Warm-Heizkreeslaaf ass fir d’Thermoreguléierung  vun der Temperatur an den Händschen zoustänneg. Eng eenzeg Tast op der rietser Hand erméiglecht et déi zwou Händschen iwwert eng Bluetooth-Verbindung ze steieren. Soumat profitéiert Dir vun enger liichter Handhabung a kennt ouni Problem wärend der Faart d’Heizstufen op Är Besoinen upassen.

Des Weidere befënnt sech um Daum ee Mikrofaserschwamm an d’Bannenflächen vun den Händschen sinn mat rutschfestem Silikon ausgestatt. D’Kombinatioun aus Softshell a Clarino garantéieren ee geniale Komfort an déi reflektéierend Elementer bréngen zousätzlech Sécherheet.

D’Händschen goufen zesumme mat dem biomedezineschem Fuerschungsinstitut vun der Arméi getest an hier Funktioun gouf bestätegt.

Äddi kal Hänn a Moien zu warmen Vëlostouren am Wanter!