ausgewielten Neiegkeet
Den néie Klappvëlo „E-Foldy“ vu Velo de Ville – elo och bei eis als Testvëlo disponibel!
04/03/2026 NewsDen E-Foldy steet duerch seng Kompaktheet a säi geréngt Gewiicht (mat Motor nëmmen 17kg) fir Liichtegkeet a Funktionalitéit. En ass an ee puer Sekonnen zesummegefaalt, ganz ouni Wierkzeug!
Ee weidere Pluspunkt ass d’Mahle Energy Hub Ladegerät. Et mëscht aus dem eX1 Akku eng praktesch Powerbank déi duerch een integréierten USB-Kabel extern Geräter ewéi Ären Handy luede kann. Duerch déi kompakt Moosse léisst et sech plaatzspuerend an der Jackett oder an der Vëlosposch verstauen.
Wann Dir weider Informatiounen zu dësem praktesche Klappvëlo wëllt hunn da besicht gären den Internetsite vu Velo de Ville, wou Dir och déi vill faarflech Gestaltungsméiglechkeeten fannt. Oder Dir besicht eis zu Schieren wou Dir den E-Foldy bei enger Testfaart besser kenneléiere kennt!


