ausgewielten Neiegkeet

Den Fastlane vun Scott

21/11/2025 News

Den Fastlane iwwerzeegt duerch säin aerodynameschen Design an déi integréiert HPR-40 Undriffseenheet zwëschent den Kuerbelen.

.

Scott Fastlane E-Coursevëlo an Aktioun

Den bewossten Verzicht op grouss Displayen verstäerkt den Look änlech engem klasseschem Coursevëlo. Duerch den Abau vun der néier TQ-Undriffseenheet ass den Fastlane nach mei liicht ginn.

Scott Fastlane E-Coursevëlo Undriff

Seng problemlos Acceleratioun feiert dozou, dass een den selwechten Spassfaktor huet ewéi bei engem klasseschen Coursevëlo.

Scott Fastlane E-Coursevëlo Luedeplatz

Des Weideren iwwerzeegt den Fastlane duerch Funktionalitéit. Opgrond vun enger fester Verkablung vun Réckluucht, Schalthiewelen an Undriffseenheet mat dem Akku vum Vëlo ass nëmmen eng Batterie fir ze Lueden néideg.

Scott Fastlane E-Coursevëlo Schaltungsmodus

Falls Dir Interesse un dësem aussergewéinlechem Elektro-Coursevëlo hutt an den Fastlane 10 an Natura wëllt gesinn, dann kommt bis laanscht, mer beroden Iech gären. Awer waart net ze laang, Disponibilitéit vum Fastlane ass staark limitéiert.