ausgewielten Neiegkeet
Brompton Klappvëloen
06/03/2020 NewsD’Brompton Klappvëloen iwwerzeegen duerch hiren Stolkader, onplattbar Pneuen, héichwäerteg Veraarbechtung an Design, den iwwert 25 Joer ëmmer weider verbessert gouf. All Vëlo gëtt an London an Handaarbecht hiergestallt an iwwerzeegt duerch seng excellent Qualitéit.
All eenzelen Vëlo kann exakt op Är perséinlech Besoinen ugepasst ginn. Dir hutt den Choix zweschent verschiddenen Faarwen, Gangschaltungen, Guidonen, Poschen, souwéi Accessoiren.
Seng drobar, praktesch Gréisst (585mmx565mmx270mm) erlaabt et Iech den Vëlo ouni Problemer am ëffentlechen Transport oder am Auto mat ze huelen. Säin liicht Gewiicht, vun duerchschnëttlech 12 Kilogramm, bereet Iech souguer an engem Trapenhaus keng Schwieregkeeten.
Dir kennt jidderzäit fir weider Informatiounen oder eng Testfaart laanscht kommen!